Macrobius (Moundkrater) | |
---|---|
Eegenschaften | |
Breet | 21,23° N |
Längt | 45,95° O |
Duerchmiesser | 62,79 km |
Déift | 4050[1] |
Selenographesch Längt | 314° bei Sonnenopgank |
Genannt nom | Macrobius A. T. (4./5. Jh.) |
Krut säin Numm am Joer | 1935 |
De Macrobius ass en opfällegen Aschlagkrater nordwestlech vum Mare Crisium am nordëstleche Quadrant vum Äerdmound. Hie läit um südëstlechen Ufer vum Lacus Bonitatis, engem klenge Moundmier. Den däitlech méi klenge Krater Tisserand schléisst sech am Osten un.
De baussenzege Kraterrampli vum Macrobius huet eng staark terrasséiert Struktur. Op der Westsäit iwwerdeckt de klenge Satellittekrater 'Macrobius C' de Kraterrand, deen awer kaum Ofnotzungserscheinungen huet. An der Mëtt vum Kraterbuedem steet en zentrale Biergkomplex. De relativ flaache Buedem huet nëmmen nach am Westen eng niddreg Hiwwelketten.