D'Manzebaach ass eng Niewebaach vun der Wäisser Iernz. Si entspréngt an de Wisen hanner dem Meesebuerger Schlass, a Richtung Angelsbierg, op enger Héicht vun ongeféier 350 m. Si leeft dann op Meesebuerger Gronn, laanscht d'Meesebuerger Schlass, mat der Wisebaach an de Meesebuerger Weier, duerno duerch deen Dall, deem si op iwwer 2 km hiren Numm ginn huet. De leschten Deel leeft si iwwer Ierzner Buedem, a mécht deelweis d'Grenz tëscht der Fiels an Iernzen.