Marc Spautz | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
10. Abrëll 1963 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Gewerkschaftler |
Partei | CSV |
Fonctioun | Gemengeconseiller, Familljen- an Integratiounsminister, Deputéierten, Deputéierten, Deputéierten |
Famill | |
Papp | Jean Spautz |
![]() |
De Marc Spautz, gebuer den 10. Abrëll 1963 zu Esch-Uelzecht[1], ass e lëtzebuergesche a Gewerkschaftler a Politiker (CSV).
De Marc Spautz huet am Lycée technique d'Esch-sur-Alzette an am Lycée technique privé Émile Metz eng Ausbildung als Mecanicien gemaach a vun 1978 un an deem Beruff geschafft. 1984-1985 huet hie bei der WSA geschafft, vun 1985-1989 bei der Cegedel. Zu där Zäit huet hie sech gewerkschaftlech engagéiert. 1990-1996 war hie Gewerkschaftssekretär vum LCGB, 1996-1998 Vizegeneralsekretär an 1998-2009 Generalsekretär.[1]
Zanter 1981 ass de Marc Spautz Member vun der CSV. 1994-2013 war hien, an zanter 2017 ass hien nees, am Schëfflenger Gemengerot, 2000-2005, 2011-2013 an nees zanter 2017 als Schäffen[2].
2004 gouf hien eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt[1] a bei deene vun 2009, vun 2013, vun 2018[3] a vun 2023[4] erëmgewielt.
Vum 14. November 2009 bis den 10. Mäerz 2012 war hie Generalsekretär vu senger Partei.[5]
Vum Oktober 2011 bis den November 2013 war hie Fraktiounschef vun der CSV an der Chamber, als Nofollger vum verstuerwene Lucien Thiel.[6]
Den 30. Abrëll 2013 huet hie säi Parlamentsmandat néiergeluecht a gouf als neie Minister an der Regierung Juncker-Asselborn II vereedegt, zoustänneg fir Familljen- an Integratiounspolitik, fir Kooperatioun an humanitär Hëllef an d'Bezéiunge mam Parlament, fir déi bis dohin d'Marie-Josée Jacobs, resp. d'Octavie Modert responsabel waren.[7],[8] Déi Regierung gouf schonn am Dezember 2013 vun der Regierung Bettel-Schneider ofgeléist.
De Marc Spautz war vu Februar 2014[9] bis Januar 2019[10], President vun der CSV.
De Marc Spautz ass de Jong vum Jean Spautz.