Als Mare (laténgesch, Pluriel Maria, "Mier") ginn déi donkel Déiffläche vum Äerdmound bezeechent, déi bei der Observatioun mat bloussem A dat opfällegst Zeechen op der Mounduewerfläch sinn.
Zu de Maria ginn och anescht bezeechent, änlech entstane Moundfläche gezielt, well dës sech ausser duerch hir Gréisst net weider vun engem eigentleche Mare ënnerscheeden. Zu dëse Bezeechnungen zielen:
Oceanus ("Ozean"), eenzege Vertrieder den Oceanus Procellarum, genannt wéinst senger grousse Fläch
Lacus (Méizuel: lacūs, "Séi"), kleng Lavaflächen
Palus (Méizuel: paludes, "Mouer"), onkloer gezeechent Randberäicher vu gréissere Flächen
Sinus (Méizuel: sinūs, "Bucht"), méi oder manner kreesfërmeg Ausbuchtungen an engem Mare, meeschtens entstanen duerch Iwwerflutung mat deelweiser Glättung vum Kraterrampli