D'Mare Orientale (ëstlecht Mier) ass e grousst Mare op eisem Äerdmound. Et ass eng lavagefëllt Dält. Et läit entgéint dem Numm am Weste vum Mound op der Grenz vu Viischter- a Récksäit an ass vun der Äerd aus, nëmme bei extreemer Libratioun deelweis ze gesinn. Fotoe vum Moundorbiter weisen eng riseg, 4-fach Rankstruktur vun 300 bis 1000 km, där hir mëttelst Réng vun zwou kreesfërmegen, 5 km héije Biergkette geformt ginn. Et ass nom Mare Imbrium dat zweetgréisst Aschlagbecke vum Mound.
D'Mëtte vum Moundmier huet d'selenographesch Koordinaten 19,4° Süd an 92,8° West. Den Numm Orientale staamt nach aus der Zäit vu virun der Raumfaart, wou een d'Ost- a Westrichtung an astronomescher Siicht vun der Äerd op d'Mounduewerfläch iwwerdroen huet.