Marianne Hoppe | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
26. Abrëll 1909 Rostock |
Gestuerwen |
23. Oktober 2002 Siegsdorf |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Ernst-Busch Héichschoul |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
Member vun | Bayerische Akademie der Schönen Künste |
Famill | |
Bestuet mat | Gustaf Gründgens |
Liewenspartner(in) | Thomas Bernhard |
![]() |
D'Marianne Hoppe, gebuer als Marianne Stefanie Paula Henni Gertrud Hoppe de 26. Abrëll 1909 zu Rostock, a gestuerwen den 23. Oktober 2002 zu Siegsdorf, war eng däitsch Schauspillerin.
Si war vun 1936 bis 1946 mam Schauspiller Gustaf Gründgens bestuet.
Bedeitend Filmer an deene si matgespillt huet sinn: Kapriolen (1937) vum Gustaf Gründgens, Romanze in Moll (1943) vum Helmut Käutner a Falsche Bewegung (1975) vum Wim Wenders.
Nom Zweete Weltkrich ass si als Schauspillerin haaptsächlech am Theater opgetrueden, esou zu Düsseldorf am Düsseldorfer Schauspielhaus, zu Hamburg am Deutsche Schauspielhaus, zu Bochum an zu Wien am Burgtheater. Si stoung nach am Alter vun 88 Joer op der Bün.
De Filmregisseur Werner Schroeter huet am Joer 2000 en Dokumentarfilm iwwer hiert Liewe gedréint.