Mariefest

Mariefester si chrëschtlech Fest- und Gedenkdeeg am Laf vum Kierchejoer, op deenen d'Veréierung vu Maria, d'Mamm vum Jesus vun Nazaret, am Mëttelpunkt steet.

Zu Lëtzebuerg ass de 15. August d'Mariefest Léiffrawëschdag (Mariä Himmelfaart) och e gesetzleche Feierdag.

Dat gréisst Mariefest zu Lëtzebuerg ass d'Muttergottesoktav, déi all Joer vum 3. bis de 5. Sonnden no Ouschteren dauert. Lokal Mariefester ginn op de verschiddene Muttergottes-Pilgerplaze gefeiert.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne