Marino Girolami | |
---|---|
Gebuer |
1. Februar 1914 Roum |
Gestuerwen |
20. Februar 1994 Roum |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Educatioun | Universitéit La Sapienza |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmediteur, Filmschauspiller, Boxer |
Famill | |
Geschwëster | Romolo Guerrieri |
De Marino Girolami, gebuer den 1. Februar 1914 zu Roum, an och do gestuerwen den 20. Februar 1994, war en italieenesche Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmschauspiller.
De Marino Girolami huet iwwer 80 Filmer als Regisseur gedréint. Hien huet d'Dréibuch fir iwwer 40 Filmer geschriwwen an huet 17 Filmer produzéiert.
Hien huet ënner verschiddene Pseudonymme wéi Frank Martin, Jean Bastide, Franco Martinelli, Charles Ramoulian, Dario Silvestri a Fred Wilson Filmer gedréint
De Girolami ass de Papp vum Filmregisseur Enzo G. Castellari a vum Filmschauspiller Ennio Girolami. Hien ass och de Brudder vum Filmregisseur Romolo Guerrieri.