Mary Astor

Mary Astor
am Joer 1928
Gebuertsnumm Lucile Vasconcellos Langhanke
Gebuer 3. Mee 1906
Gestuerwen 25. September 1987
Woodland Hills
Doudesursaach Häerz-Kreeslafkrankheet
Nationalitéit USA
Aktivitéit Romancier, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schrëftsteller, Schauspiller
Famill
Bestuet mat Manuel del Campo

Mary Altor, gebuer als Lucile Vasconcellos Langhanke den 3. Mee 1906 zu Quincy, Illinois, a gestuerwen de 25. September 1987 zu Woodland Hills, Kalifornien, war eng US-amerikanesch Schauspillerin an Autorin.

Si war a méi wéi 150 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn. Vun 1920 un huet si a Stommfilmer matgespillt. Duerno hat si dann och nach Erfolleg am Tounfilm. Zum Schluss vun hirer Karriär ass si vill an TV-Serien an TV-Filmer opgetrueden.

Bedeitend Filmer mat hir sinn Dodsworth (1936) vum William Wyler mam Walter Huston a Paul Lukas, The Prisoner of Zenda (1937) vum John Cromwell mam Ronald Colman a Madeleine Carroll, The Hurricane (1937) vum John Ford mam Dorothy Lamour a The Maltese Falcon (1941) vum John Huston mam Humphrey Bogart a Peter Lorre.

Wéinst Krankheet huet si sech no 1964 vum Film zeréckgezunn.

Als Auteur huet si zwou Autobiographien an e puer Romaner geschriwwen.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne