Mat bloussem A oder fräisiichteg ginn an der Naturwëssenschaft an an der Technik déi Observatiounen a Miessunge genannt, déi ouni optesch Hëllefsmëttel (mat Ausnam vu Korrekture vu Feelsiichtegkeete) gemaach ginn, d. h. ouni de Gebrauch vun zum Beispill engem Teleskop, enger Lupp, engem Mikroskop oder enger Kamera.
De Begrëff gëtt virun allem an der Astronomie, Geodesie, Physik a Biologie gebraucht.