Mediahuis Luxembourg S.A., bis virum 19. Juli 2021 Saint-Paul Luxembourg S.A.[1] | |
---|---|
![]() Siège vu Mediahuis Luxembourg am Garer Quartier | |
Typ | Aktiegesellschaft |
Grënnungsdatum | 20. November 1886 |
Sëtz |
31, rue de Hollerich L-1741 Lëtzebuerg ![]() |
Generaldirekter | Paul Peckels (Generaldirekter)[2] |
Branche | Medien |
Produit |
Zeitungen, Zäitschrëften, Librairien, Bicher, Press, Radiosenderen, online Medien |
Homepage | mediahuis.lu |
![]() |
Mediahuis Luxembourg ass e Multimedia-Verlagshaus zu Lëtzebuerg. Et ass 1887 als Sankt-Paulus-Verlag gegrënnt ginn[3],[4] an housch bis den 20. Juni 2021 Saint-Paul Luxembourg.
De 24. Abrëll 2020 huet déi belsch Mediahuis NV d'Kapital vu Saint Paul Luxembourg iwwerholl.[5],[6],[7],[8]. Den 19. Juli 2021 gouf den Numm offiziell op Mediahuis Luxembourg ëmgeännert[9]
Zu de bekannte Publikatiounen zielt d'Luxemburger Wort, déi eelst Dageszeitung zu Lëtzebuerg.
De Verwaltungssëtz war uganks zu Gaasperech an duerno um Houwald. Zanter dem 1. Dezember 2022 ass en am Heintz-Van-Landewyck-Gebai an der Hollerecher Strooss an der Stad[10].