Mel Ferrer | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Melchior Gaston Ferrer |
Gebuer |
25. August 1917 Elberon |
Gestuerwen |
2. Juni 2008 Santa Barbara |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Princeton Universitéit |
Aktivitéit | Filmproduzent, Schauspiller, Filmregisseur, Journalist, Dréibuchauteur, Theaterregisseur, Schrëftsteller, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Audrey Hepburn |
![]() |
De Mel Ferrer, gebuer als Melchior Gaston Ferrer, de 25. August 1917 zu Elberon, a gestuerwen den 2. Juni 2008 zu Santa Barbara a Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
De Mel Ferrer huet an iwwer 100 Kinos- an TV-Filmer matgespillt. Bedeitend Filmer mat him sinn Rancho Notorious (1952) vum Fritz Lang, Scaramouche (1953) vum George Sidney, War and Peace (1956) vum King Vidor a Lili Marleen (1981) vum Rainer Werner Fassbinder.
De Ferrer war vun 1954 bis 1968 mat der Schauspillerin Audrey Hepburn bestuet.