![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Zweestroumland tëscht Euphrat an Tigris. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Mesopotamia |
Mesopotamien (gr. fir „tëscht de Flëss“, Aramäesch Beth Nahrin = „Zweeflossland“, arab. بلاد مابين النهرين, Bilad ma bayn Al-Nahrayn oder بلاد الرافدين, Bilad ِAl-Rafidayn), och Zweestroumland, bezeechent geographesch d'Gebitt ronderëm d'Flëss Euphrat an Tigris a Südost-Anatolien (Tierkei), Syrien an am Irak. Dat fruchtbart Land tëscht dësen zwéi Flëss gëtt och dacks Wéi vun der Zivilisatioun genannt. E politesche Staat Mesopotamien huet et awer ni ginn, an och d'Grenze waren ni kloer definéiert. Den Numm gouf aus Kamouditéit vu griichesche Geographen erfonnt, fir dës Regioun ze benennen.