Metal (Kuerzform vun Heavy Metal) ass eng ofwiesselungsräich an zum Deel och relativ komplex Museksrichtung, déi hir Wuerzelen am Hard Rock aus de spéiden 60er an den 70er Joren huet. Déi vill Substiler – z. B. Gothic Metal, Death Metal, Power Metal, Viking Metal, Progressive Metal asw. – ënnerscheede sech zum Deel ganz gewalteg. Sou geet déi musikalesch Pallett vun einfachen, meeschtens rhythmesch séiere Lidderstrukture bis bei komplizéiert multiinstrumental Kompositiounen, déi et soss just an der klassescher Musek gëtt.
Obwuel Metal säin Héichpunkt an den 80er Jore kannt huet, gëtt et och haut nach eng wichteg Metal Subkultur, där Leit aus deene verschiddenste Generatiounen ugehéieren. Zu enger Subkultur gehéiert gewéinlech och e bestëmmte Kleedungsstil, verschidde Weltopfaassungen a Behuelensformen. Och an der Metal-Subkultur ass dat net anescht. Mä duerch d'Entwécklung vun deene ville verschiddene Substilrichtunge gëtt et keen eenheetleche Kleedungs – a Mentalitéitsstil méi. Dee wäitverbreete Klischee vum Metaller mat de laangen Hoer, der Liedersbox an de schwaarzen T-Shirte mam Band-Logo ass haut deemno net méi sou aktuell.
Och zu Lëtzebuerg gëtt et eng Metalszeen, wa s'och am Verglach mat Länner wéi Däitschland, Schweden, Finnland asw. ganz kleng ass an d'Treffméiglechkeeten, sief et Concerten, Festivaller oder Caféen, zimmlech moer geséint sinn.