Methan | |
---|---|
![]() | |
Systemateschen Numm (IUPAC) | Methan |
Trivialen Numm | Methylwaasserstoff |
Cheemesch Formel | CH4 |
Ausgesinn / Geroch | Faarflosen a gerochlose Gas |
Eegenschaften | |
Dicht | 0,717 kg/m3 bei 0 °C, 1013 hPa |
Léislechkeet | 26 ml/l am Waasser |
Agregatzoustand | gasfërmeg |
Molmass | 16,04 g/mol |
Schmëlzpunkt | -182,6 °C |
Kachpunkt | -161,4 °C |
Thermodynamesch Daten | |
Standard Formatiounsenthalpie ΔfH0
|
-74,87 KJ·mol−1 |
Standardentropie S0
|
186,25 J·K−1·mol−1 |
Verbrennungsenthalpie ΔcH0
|
-890,7 KJ·mol−1 |
Weideres | |
Änlech Moleküllen | Ethan Propan Butan |
Cheemesch Famill | Alkanen |
De Methan ass e Kuelewaasserstoof an deen einfachsten Alkan. En ass den Haaptbestanddeel vum Biogas[1] a vum Äerdgas. Nom Kuelendioxid ass en de wichtegsten Zäregas. En ass allerdéngs a méi klenge Quantitéiten an der Atmosphär, mä e wierkt méi staark.
De Methan kann als Brennstoff oder als Killmëttel gebraucht ginn an ass den Ausgangspunkt fir vill aner organesch Verbindungen. Methan gëtt bei biologeschen a geologesche Procedéë fräigesat.