An der Mathematik ass e metresche Raum en Ensembel, op deem eng Distanzfunktioun mat gewëssenen Eegenschaften definéiert ass. Dës Distanzfunktioun nennt ee Metrik. Metresch Raim si Beispiller vun topologesche Raim an erlaben et Konzepter wéi Konvergenz ze definéieren.
Dat einfachste Beispill vun engem metresche Raum ass den dräidimensionalen Euklidesche Raum . D'Distanz tëscht zwee Punkten ass déi üblech Euklidesch Distanz.