Mia Farrow | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Maria de Lourdes Villiers Farrow |
Gebuer |
9. Februar 1945 Los Angeles |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Mënscherechtler, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Frank Sinatra, André Previn |
Liewenspartner(in) | Woody Allen |
Papp | John Farrow |
Mamm | Maureen O'Sullivan |
Geschwëster | Patrick Villiers Farrow, Prudence Farrow, Tisa Farrow, Stephanie Farrow |
Kanner | Moses Farrow |
![]() |
D'Mia Farrow, gebuer den 9. Februar 1945 als Maria de Lourdes Villiers Farrow zu Los Angeles, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin.
Si gouf duerch hir Roll am Roman Polański sengem Rosemary's Baby (1968) berüümt, an duerno duerch net manner wéi 12 Filmer vum a mam Woody Allen.
Si huet hir Schauspillercarrière, no engem Studium zu New York, an Off-Broadway-Stécker ugefaangen. 1963 huet si an der Televisiounsserie Peyton Place matgespillt an hat eng Roll am Film Guns at Batasi (1964) mam Richard Attenborough an der Haaptroll.
Si ass d'Duechter vum australesche Schrëftsteller, Schauspiller a Regisseur John Farrow an der irescher Schauspillerin Maureen O'Sullivan. Si war vun 1966 bis 1968 mam Frank Sinatra bestuet an an den 1970er Jore mam Komponist André Previn. 1980 bis 1992 war si d'Partnerin vum Woody Allen. Si huet 2 eegen an 10 adoptéiert Kanner.
D'Mia Farrow engagéiert sech fir eng Rëtsch humanitär Projeten an Afrika an ass Sonner-Ambassadrice fir d'UNICEF.