Milva | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Maria Ilva Biolcati |
Pseudonym | Milva, La Rossa, La Pantera di Goro |
Gebuer | 17. Juli 1939 |
Gestuerwen |
23. Abrëll 2021 Mailand |
Doudesursaach | Alzheimer |
Nationalitéit | Italien |
Aktivitéit | Operesänger, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Discographesche Kënschtler, Televisiounsmoderateur, Sänger, Schauspiller |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Luigi Pistilli |
Kanner | Martina Corgnati |
![]() |
D'Milva, gebuer de 17. Juli 1939 als Maria Ilva Biolcati zu Goro, a gestuerwen den 23. Abrëll 2021 zu Mailand, war eng italieenesch Sängerin a Schauspillerin. Si huet och an anere Sproochen, wéi Däitsch oder Franséisch, gesongen, an hat deementspriechend och Succès baussent Italien. Si hat de Spëtznumm la Rossa ("déi Rout") net nëmme wéinst hirer Hoerfaarf, ma och wéinst hirem politeschen Engagement.[1]
Si huet ënner anerem Texter vum Mikis Theodorakis a Lidder aus dem Bertolt Brecht senger Dreigroschenoper gesongen, an huet an den 1980er Joren och a Filmer matgespillt.
Zu Lëtzebuerg hat si e puer Optrëtter, ë. a. um Wolzer Festival an eng lescht Kéier mat Brecht-Lidder am Escher Theater.[2]