Moiren sinn déi griichesch Schicksalsgëttine genannt ginn, d'Kanner vun der Nyx (anere Quellen no vum Zeus an der Themis). Den Numm ass vum gr. μοίρες/ Μοίραι ("Moirai") ofgeleet an heescht souvill wéi Undeel, Lous, Schicksal. Et sinn dräi al Fraen:
D'Moire krute grousse Respekt entgéintbruecht a souguer d'Gëtter hate keen Afloss op hir Entscheedungen. Sou kann z. B. och den Zeus net den Doud vu sengem Jong Sarpedon am Kampf géint de Patroklos am Trojanesche Krich verhënneren.