Mumbai

Mumbai
Land Indien
Awunner 15.414.288 (2018)
Fläch 603 km²
Koordinaten 19°4'33"N, 72°52'39"O
Telefonszon 0022
Postcode 400001
Websäit https://portal.mcgm.gov.in/

Mumbai och nach Bombay genannt, ass d'Haaptstaat vum indesche Bundesstaat Maharashtra. 2001 louch d'Bevëlkerungszuel bei ongeféier 12 Millioune Leit, an 2006 bei ronn 13 Milliounen.

Mumbai ass déi Stad an Indien mat deene meeschte Leit. Zu Mumbai sinn déi meescht Filmstudioen. Den Numm Bollywood ass eng Kontraktioun aus "Hollywood"" a "Bombay". Mumbai ass e wichtege Wirtschaftszentrum an huet an der Moyenne en héije Liewensstandard.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne