Munitioun

Als Munitioun bezeechent een am Allgemengen all dat Material, dat vu Worf- oder Feierwaffe verschoss ka ginn.

D'Munitioun kann am grousse Ganzen an dräi Haaptkategorien agedeelt ginn:

  • Kartuschemunitioun: Besteet aus zwéi getrennten Deeler, déi separat geluede ginn, d'Geschoss an en Deel, deen aus dem Zünd- an Dreifmëttel besteet.
  • Patrounemunitioun: Déi dräi Bestanddeeler Geschoss, Zünder an Dreifmëttel sinn an der sougenannter Patroun zesummegefaasst.
  • Rakéitemunitioun: D'Dréifmëttel ass am Geschoss agebaut a verbrennt an der Zäit, wou d'Geschoss flitt.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne