Museum aan de Stroom

Museum aan de Stroom
Land Belsch
Gemeng Antwerpen
Koordinaten 51°13'44,1149"N, 4°24'16,8012"O
Datum vum Bau 14. Mee 2011
Opgaangen 17. Mee 2011

De Museum aan de Stroom ("Musée um Floss"), kuerz MAS, ass ee Musée an der flämescher Hafestad Antwerpen. E steet um Eilandje, am fréieren Hafe vun der Schelde, an huet 2011 seng Dieren opgemaach. Am Gebai goufe verschidde Sammlungen zesummen ënnerbruecht, wéi déi vum Etnografisch Museum, vum Nationaal Scheepvaartmuseum, vum Volkskundemuseum an och Deeler vun de Sammlungen aus dem Museum Vleeshuis. Am ganzen huet de MAS e Fundus vun enger 470.000 Objeten.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne