Den NASA Astrobiology Institute (NAI) ass eng Fuerschungsariichtung déi 1998 vun der National Aeronautics and Space Administration gegrënnt gouf, mam Zil, d'Astrobiologie virunzedreiwen an de Raumfluchmissiounen e wëssenschaftleche Kader ze ginn.
Den NAI ass eng virtuell Organisatioun. Seng 700 Membere si Mataarbechter vun ongeféier 150 verschiddenen Ariichtungen (Stand: Januar 2009) a se sinn a 14 Fuerschungsgruppen organiséiert. Den Direkter an eng kleng Kär vun de Ekipp hunn hir Aarbechtsplaz am Ames Research Center zu Mountain View a Kalifornien. Den Institut hat 2008 e Budget vu 16 Milliounen US-Dollar.
Den 2. Dezember 2010 huet den Institut bekannt ginn, datt et déi éischt Organismen entdeckt huet, déi e Stoffwiessel mat Arsen kënnen hunn. D'Mikroorganisme GFAJ-1 goufe vu Fuerscher um Mono Lake am US-Bundesstaat Kalifornien fonnt.
Vun 2015 un huet den NAI 12 Teamer a 600 Fuerscher a ronn 100 Institutioune verdeelt. Et bestinn dernieft 13 international Partnerorganisatiounen. Verschidden Teamer sinn oder waren: