Den National Radio Astronomy Observatory (NRAO) ass eng staatlech amerikanesch Fuerschungsorganisatioun fir Radioastronomie. Den NRAO entwërft, baut a bedreift Radioteleskopen op verschiddene Plazen, haaptsächlech an den USA:
Green-Bank-Observatoire. D'Ëmgéigend vun vum Observatoire a West Virginia ass zur „nationaler radioroueger Zon“ vun den USA erkläert ginn, an där versicht gëtt, kënschtlech Radioemissiounen, déi stéeiren, kleng ze halen. Am Green-Bank-Observatoire gëtt et en ettlech grouss eenzel Radioteleskopen.
Tucson (Arizona) um Terrain vun der University of Arizona. Den NRAO huet vun do aus e Millimeterwelle-Radioteleskop mat 12 m Antennenduerchmiesser um Kitt-Peak-Observatoire bedriwwen. Fir Finanzmëttele ze kréien, fir den ALMA kënnen ze bedreiwen, gouf d'Teleskop an der Tëschenzäit der University of Arizona zur Verfügung gestallt.