Nationalstrooss 11

Nationalstrooss 11
D'Nationalstrooss 11 op der Héicht vu Wuelper.
Lëtzebuerg - Iechternach
Land Lëtzebuerg
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Lëtzebuerg,
Nationalstrooss 7
Koordinaten 49°37'42,31"N, 6°7'50,38"O
Enn Iechternach,
Al Sauerbréck zu Iechternach
Koordinaten 49°48'45,68"N, 6°25'34,28"O
Längt 31,5 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 11
Laf an Uschlëss
Eech N 7
CR 232

        Rue Marie B. J. Munchen-Tesch

Uelzecht
CFL-Linn 1
Brennerei CR 119
Méchelbuch A 7
Waldhaff CR 126
Gréngewald Kazebaach
Gonnereng CR 122
N 11D
Jonglënster CR 129
N 11E
Geizebaach
CR 121A
Geizebaach
CR 121A
N 11F
Schwaarz Iernz
CR 129
Uschloss

CR 121 CR 121A

Grolënster N 14 Rue de Grevenmacher (r)
N 14 Rue de Blumenthal (l)
Schanz CR 136A Op der Schanz

        CR 365 Kreizenheicht

CR 136 Heeschbregerwee
Schwaarzuecht CR 137
Méchelshaff CR 132
Lauterbuer CR 118
Lauterbuerer Baach
Specksmillen Baach ouni Numm
Iechternach N 10
CR 366 Rue des Remparts
Sauer
Däitschland L 1

D'Nationalstrooss 11 oder N11, an och Iechternacher Strooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Lëtzebuerg, Gréiwemaacher an Iechternach.

Si huet hiren Ufank zu Eech op der N7 a féiert vun do iwwert den Dummeldenger Contournement an da praktesch de ganzen Wee an nordëstlecher Direktioun iwwert de Waldhaff op Gonnereng, vun do op engem Contournement, deen am September 2015 opgoung[1], ronderëm Jonglënster, an dann iwwert Grolënster, d'Schanz, Wuelper, de Méchelshaff a Lauterbuer op Iechternach.

Zu Iechternach féiert se dann op déi al Bréck an dann iwwert d'Sauer an Däitschland, wou se Uschloss un d'L1 a gläich duerno un d'B257 / E29 huet. Zu Iechternach kräizt se sech och mat der N10.

D'Gesamtlängt vun der N11 ass zirka 31,5 km.

  1. "De Contournement vu Jonglënster ass op!". rtl.lu, 18.09.2015, 13:55:27.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne