Nationalstrooss 1B

Nationalstrooss 1B
Déi fréier N1B a Clausen, vun der N1A aus gekuckt
Verbindung N1 - N1A
Land Lëtzebuerg
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Clausen,
Nationalstrooss 1
Koordinaten 49°36'48,92"N, 6°8'36,06"O
Enn Clausen,
Nationalstrooss 1A
Koordinaten 49°36'46,44"N, 6°8'38,72"O
Duerch Lëtzebuerg
Opgaangen 22. Dezember 1995
Deklasséiert 15. Dezember 2021
Längt 95 m
Vitesslimitatioun 30 km/h, 50 km/h
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 1B

D'Nationalstrooss 1B oder N1B war bis Enn 2021 eng lëtzebuergesch Nationalstrooss um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg. Mat enger Längt vu 95 Meter war et eng vun de kierzten Nationalstroossen.

Si hat hiren Ufank a Clausen op der N1 bei der Place Émile-Mousel, um lénksen Uwänner vun der Uelzecht. Vun do aus ass s'iwwer eng Bréck op déi riets Säit vum Floss gelaf, fir direkt duerno op N1A ze stoussen.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne