D'N2 tëscht Sandweiler a Mutfert | |
Lëtzebuerg - Réimech | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Lëtzebuerg, Nationalstrooss 4, Nationalstrooss 7, Nationalstrooss 50 |
Koordinaten | 49°36'33,88"N, 6°7'34,39"O |
Enn |
Réimech, Bréck vu Réimech |
Koordinaten | 49°32'37,03"N, 6°22'10,34"O |
Duerch | Lëtzebuerg, Sandweiler, Conter, Waldbriedemes, Bous, Réimech |
Längt | 22 km |
Vitesslimitatioun | 50 km/h, 70 km/h, 90 km/h |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 2 |
Laf an Uschlëss | |
Lëtzebuerg Bréisseler Plaz |
N 4 N 7 N 50 |
Péitruss (Nei Bréck) | |
Lëtzebuerg Metzer Plaz |
N 3 CR 222 |
Lëtzebuerg | N 50 = Al Bréck / Al Avenue |
Lëtzebuerg | CR 228 = Rue du Laboratoire |
Polvermillen | Uelzecht |
Hamm | CR 219 = Rue des Alouettes |
CR 225 = Rue Haute | |
CFL-Linn Lëtzebuerg-Waasserbëlleg | |
Rond-point Robert Schaffner |
N 2A |
A 1 | |
Hamm | CR 159 = Allée D.D. Eisenhower |
Sandweiler | CR 185 CR 234B |
N 28 | |
Mutfert | CFL-Linn Lëtzebuerg-Waasserbëlleg |
CFL-Linn Alzeng-Éiter | |
CR 132 CR 234 = Rue d'Oetrange | |
Sir | |
CR 132 = Soibelwee | |
Ierseng | Houlbech |
Trënteng | |
Réid | CR 147 = Rue de Canach |
Kuesselterbaach | |
Waldbriedemes | CR 148 |
Aassel | CR 148 CR 148A |
Aasselbaach | |
Bous | N 13 N 28 |
Aalbaach | |
Ierpeldengerbaach | |
CR 149 = Rue de Remich | |
CR 149 = Rue de Mondorf | |
Réimech | CR 152A = Route de Luxembourg |
N 16 = Place Nico Klopp | |
CR 152 = Rue de la Gare | |
CR 152C = Place du Marché | |
N 10 = Esplanade | |
Musel | |
Däitschland | B 406 |
D'Nationalstrooss 2 oder N2, och Réimecher Strooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss, an de Kantone Lëtzebuerg a Réimech. Si féiert vu Lëtzebuerg op Réimech a vun do weider iwwer d'Réimecher Bréck an Däitschland, wou se Uschloss un d'Bundesstrooss B406 huet.
Si huet hiren Ufank an der Stad op der Bréisseler Plaz wou se vun der N4, N7 an N50 fortgeet. Vun do féiert se iwwer d'Nei Bréck op d'Metzer Plaz, dann no lénks weider iwwer de Péitrussboulevard, bis op d'Kräizung mat der Aler Avenue, fir duerno iwwert de Boulevard d'Avranches an de Boulevard Géneral Patton op d'Polvermillen ze kommen.
Nodeem se do iwwer d'Uelzecht ass, féiert se de Bierg erop duerch den Hammer Dällchen op de Rond-point Iergäertchen, wou se Uschloss un d'A1 / E44 an d'N2A huet.
Vun do aus geet et weider laanscht Sandweiler, duerch Mutfert, dann d'Kinnett erof op Ierseng, Trënteng, Réid an Aassel bis kuerz viru Bous. Iwwert de Contournement vu Bous leeft se da viru bis op Réimech wou se Uschloss un d'N16 an eng ronn 100 Meter virun der Bréck iwwert den CR152C Uschloss un d'N10 huet.
D'N2 ass ronn 22,1 km laang.