D'N56 (Hollerecher Strooss) a Richtung Weste gekuckt | |
Rue de Hollerich | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank | Nationalstrooss 3 |
Enn | Nationalstrooss 4 |
Duerch | Lëtzebuerg |
Vitesslimitatioun | 50 km/h |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 56 |
Laf an Uschlëss | ||
Lëtzebuerg | N 3 Garer Plaz | |
N 4 Escher Strooss | ||
N 56B | ||
Péitruss | ||
N 56C | ||
N 56D | ||
A 4 N 56A CR 230 Rue de Merl |
D'Nationalstrooss 56 oder N56 ass eng Nationalstrooss um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg.
Se geet op der Garer Plaz am Garer Quartier vun der N3 aus fort Richtung Westen a féiert bis bei d'Hollerecher Kierch wou s'op d'N4 stéisst. Vun der Rue de la Fonderie u gehéiert se zum Quartier Hollerech.
Vun Hollerech aus a Richtung Gare leeft s'am Sens unique bis op d'Merkelsplaz. De Verkéier, dee vun der Gare kënnt gëtt no riets ofgeleet, op d'N56A.
D'N56 ass 1 km laang an heescht op der ganzer Längt „Hollerecher Strooss“.