Verbindungsstrooss | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Koordinaten | 49°35'57,59"N, 6°6'52,52"O |
Koordinaten | 49°35'59,86"N, 6°6'53,03"O |
Opgaangen | 2020er |
Längt | 69 m |
Vitesslimitatioun | 50 km/h |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
D'Nationalstrooss 56C oder N56C ass eng geplangt Nationalstrooss zu Hollerech, um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg[1].
D'Strooss, déi op der Héicht vum Boulevard Pierre Dupong d'Süd-Nord Verbindung vun der Strooss aus Richtung Rond-point Märel op d'Strooss a Richtung vum Rond-point an der A4 mécht, ass haut eng staatlech Strooss ouni definéierte Statut[2]. Et ass geplangt, datt se als Nationalstrooss klasséiert gëtt.
D'Strooss leeft am Sens unique an ass 69 m laang.