![]() | |
![]() D'N8 op den éischte Meteren, an der Gäichel | |
![]() | |
Gäichel - Miersch | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Ufank | Gäichel |
Koordinaten | 49°41'40,16"N, 5°52'2,64"O |
Enn |
Miersch, Nationalstrooss 7 |
Koordinaten | 49°45'2,48"N, 6°6'21,89"O |
Duerch | Habscht, Sëll, Helperknapp, Miersch |
Längt | 19,8 km |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 8 |
![]() |
Laf an Uschlëss | |
Gäichel | ![]() |
Gäichel | ![]() |
Kräizerbuch | ![]() |
![]() | |
![]() | |
Simmer | ![]() |
![]() | |
Sëll | ![]() |
Bruch | ![]() |
![]() | |
![]() | |
Reckener Barrière | ![]() |
Recken | ![]() |
![]() | |
![]() | |
Miersch | ![]() |
D'Nationalstrooss 8 oder N8 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Réiden, Capellen a Miersch. Si féiert vun der belscher Grenz an der Gäichel bis op Miersch.
Si fänkt op der belscher Grenz an der Gäichel un, wou se Uschloss un déi belsch N844 huet. Vun hei leeft se an nordëstlecher Richtung bis op d'Kräizerbuch wou se op hirer héchster Plaz um Zengel iwwer den Tunnel vun der Kräizerbuch geet. Vun do u geet et praktesch déi ganz Zäit weider duerch de Bësch a Richtung Sëll.
Zu Sëll kräizt se d'N12 (Lëtzebuerg-Wemperhaart), fir weider duerch Bruch a Recken op Miersch ze kommen, wou se Uschloss un d'N7 huet. Kuerz viru Miersch kräizt se d'Autobunn A7, un déi se och Uschloss huet.
D'Totallängt vun der N8 ass zirka 19,8 km.