Nationalstrooss 882 (Belsch)

D'Nationalstrooss 882 ass eng belsch Nationalstrooss an der Provënz Lëtzebuerg a Wallounien.

D'Strooss huet hiren Ufank zu Arel um Rond-point vun der N4 am Quartier Callemeyn a féiert vun do iwwer Fruessem laanscht Bunnert a Giisch op déi lëtzebuergesch Grenz zu Uewerpallen wou se Uschloss un déi lëtzebuergesch N22 huet. S'ass 4,9 km laang.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne