New Millennium Program

DRaumsond Deep Space 1 – déi éischt Missioun vum New Millennium Program (NASA)
Space Technology 5 (kënschtleresch Duerstellung)

Den New Millennium Program (NMP, lëtz. Neit-Joerdausend-Programm) ass zanter 1995 en Entwécklungsprogramm vun der NASA, am Kader vun deem Raumfaarttechnologië fir dat neit Joerdausend gepréift solle ginn. D'Missioune vum Programm dénge primär der Technologieerprouwung an nëmme sekundär der Fërderung vu wëssenschaftlechen Usiichten. Den New Millienium Program gëtt vum Jet Propulsion Laboratory organiséiert.

Ufanks waren d'Missiounen an d'Gruppen Deep Space (DS) fir interplanetar Missiounen an Earth orbiting (EO) fir Missiounen am Äerdorbit ënnerdeelt. No enger Reorganisatioun vum Programm goufen all weider Missiounen als Space Technology (ST) bezeechent.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne