Nicolas Martha | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 7. November 1820 |
Gestuerwen | 4. September 1898 |
Aktivitéit | Lycéesprofesser, Mathematiker |
![]() |
Den Nicolas Martha, gebuer de 7. November 1820 an der Stad Lëtzebuerg[1] an do gestuerwen de 4. September 1898[2], war vun 1847 u Mathematiksprofesser am Stater Kolléisch.
Hie war och un der Grënnung vun der Spuerkeess bedeelegt a gouf 1856 hiren éischten Direkter, eng Plaz déi e bis zu sengem Doud behalen huet.
Den Nicolas Martha war zesumme mam Dicks a Michel Lentz, 1849 ee vun de Matgrënner vum éischte Stater Turnveräin, der Gym, där hire President hie war.
Vun 1863 bis 1875 war hie Member vum Stater Gemengerot, déi 5 lescht Joer dovun als Schäffen.[1]
Hien huet verschidden Aarbechten iwwer Mathematik geschriwwen an e Rapport iwwer Gemengenaffäre vun der Stad Lëtzebuerg (1874-75).
Den Nicolas Martha war e lëtzebuergesche Fräimaurer.[3]