Als Niwwel (laténgesch nebula vum griicheschen nephele, »Wollek«) oder Niwwelfleck gouf an der Astronomie fréier e flächefërmegen Objet bezeechent dee liicht. Dozou hunn och d'Galaxien an d'Stärekéip gehéiert, well se bei klenger Opléisung am Teleskop oder mat bloussem A als Niwwelfleck ze gesi waren.
Haut gëtt Bezeechnung Niwwel oder Gasniwwel bal nëmme fir interstellar Wolleken aus Stëbs a Gas gebraucht, déi jee no Aart vun hirem Liichten a verschidde Kategorien agedeelt ginn:
Geleeëntlech Donkelniwwelen (Donkelwollek), déi d'Liicht vun Objeten absorbéieren, déi dohanner leien, also net liichten, z. B. de PäerdskappniwwelB 33.
Aussergalaktesch Niwwelen: Dat sinn d'Galaxien. Am bekanntsten ass wuel den Andromedaniwwel M31, deen ongeféier sou grouss ass wéi eis Galaxie a ronn 2,3 Millioune Liichtjoer vun eis ewech ass.