Odile Versois

Odile Versois
am Film "Anselmo ha fretta" (1949)
Gebuertsnumm Étiennette de Poliakoff
Gebuer 15. Juni 1930
15. Arrondissement
Gestuerwen 23. Juni 1980
Neuilly-sur-Seine
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Komiker, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Jacques Dacqmine
Geschwëster Olga Varen, Hélène Vallier, Marina Vlady

D'Odile Versois ass eng franséisch Filmschauspillerin. Si ass als Étiennette de Poliakoff-Baïdaroff de 4. Juni 1930 zu Paräis gebuer an den 23. Juni 1980 zu Paräis gestuerwen.

Hir Eltere waren den Operesänger Wladimir de Poliakoff an d'Dänzerin Militza Enwald, déi no der Oktoberrevolutioun 1917 vu Russland a Frankräich emigréiert sinn. D'Odile Versois hat nach dräi Schwësteren, déi och alleguer Schauspillerinne waren: d'Marina Vlady, d'Hélène Vallier an d'Olga Baïdar-Poliakoff.

No hirer Scheedung vum Schauspiller Jacques Dacqmine huet si sech 1953 mam Grof François Pozzi di Borgo bestuet.

Am Alter vu 50 Joer ass si u Kriibs gestuerwen an um russesche Kierfecht zu Sainte-Geneviève-des-Bois begruewe ginn..


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne