![]() |
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mat Ofstand (Distanz) am mathemateschen an am physikalesche Sënn bezeechent een d'Längt vum kierzte Wee tëscht zwéi Géigestänn oder Punkten (och Zäitpunkten), deen et z'iwwerwannen, z'iwwerbrécken oder fräizehale gëllt. De Beräich vun der Mathematik, dee sech mat der Ofstandsmiessung beschäftegt, ass d'Metrik.
Den Ofstand tëscht zwee Wäerter gëtt bestëmmt, andeems een den Absolutwäert vun hirer Differenz hëlt, dat heescht, andeems si vuneneen ofgezu ginn a vum Resultat d'Virzeeche ewechgelooss gëtt. De gemoossenen Ofstand ass onofhängeg vum gewielten Urspronk vum Koordinatesystem, mä net vun deem senger Skaléierung.
An der visueller Astronomie gëtt den Ofstand vun zwéin Himmelskierperen als Wénkelofstand − der Differenz vum Wénkel, ënner deene si erschéngen − uginn.