Olin C. Wilson | |
---|---|
Gebuer |
13. Januar 1909 San Francisco |
Gestuerwen | 13. Juli 1994 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Universitéit vu Kalifornien |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | National Academy of Sciences |
![]() |
Den Olin Chaddock Wilson, gebuer den 13. Januar 1909, a gestuerwen den 13. Juli 1994, war en US-amerikaneschen Astronom.
De Wilson huet Astronomie a Physik op der University of California, Berkeley studéiert. Am Joer 1934 promovéiert hien um California Institute of Technology.
Hie war wëssenschaftleche Mataarbechter um Mount Wilson-Observatoire.
Hien huet stellar Aktivitéitszyklen entdeckt, déi analog zu dem 11-Joer-Sonneflecken-Zyklus vun der Sonn sinn.
Zesumme mam Vainu Bappu huet hien 1957 eng Korrelatioun tëscht der Breet vun Ca II-Linnen a Stärespektren an der Liichtkraaft, dem Wilson-Bappu Effekt, entdeckt.
Am Joer 1977 gouf hie mat der Henry Norris Russell Lectureship an 1984 mat der Bruce Medail ausgezeechent.