![]() |
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Spiller vun der XXI. Olympiad | |
---|---|
Olympesch Summerspiller | |
![]() | |
Maskottchen | Amik |
Land | Kanada |
Stad | Montréal |
Ufanksdatum | 17. Juli 1976 |
Schlussdatum | 1. August 1976 |
opgemaach vum/vun der | Elizabeth II. |
Olympeschen Eed | Pierre Saint-Jean, Maurice Fauget |
Olympesch Fakel | Stéphane Préfontaine |
Kompetitiounen | 198 an 21 Sportaarten |
Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 1972 |
Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 1980 |
Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/montreal-1976 |
![]() |
D'Olympesch Summerspiller 1976, offiziell Spiller vun der XXI. Olympiad, goufe vum 17. Juli bis den 1. August 1976 zu Montréal a Kanada organiséiert.
No chaotesche Virbereedungen zu Montréal goufen d'Spiller deels a provisoreschen Areenaen organiséiert. 30 Staaten aus Afrika, Asien a Südamerika waren net bei de Spiller derbäi; se hu géint d'Participatioun vun Neiséiland protestéiert, well déi neiséilännesch Rugbyekipp (All Blacks) eng Tournée duerch Südafrika gemaach hat, obwuel dat Land zënter e puer Joer wéinst senger Apartheid-Politik vum internationale Sport veruecht gouf. Dem Team aus Taiwan gouf d'Arees a Kanada refuséiert, wëll d'Gaaschtland just ee „China“, deemno d'Volleksrepublik China zougelooss hat.
De Miklos Németh aus Ungarn huet am Speerwerfe gewonnen a war domat den éischte Bouf vun engem Liichtathletik-Goldmedailgewënner, dee selwer Gold gewonnen huet.