Ombudsmann

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Ombudsmann, w.: Ombudsfra, fr: médiateur, médiatrice, ass e Vermëttler, dee vun enger offizieller Säit (z. B. enger Regierung oder engem Parlament) agesat gouf, fir d'Interesse vun de Bierger ze vertrieden, andeems se Plaintë vun eenzele Bierger iwwer Ofleef an den Administratiounen nogeet a versicht, eng Léisung ze fannen.

Do dernieft gëtt et och Mediateuren, déi net vu Regierungen agesat goufen, an déi fir Veräiner, NGOen, Beruffsorganisatiounen (wéi z. B. déi vu Banken oder Telecoms-Entreprisen), asw. schaffen.

D'Wuert Ombudsman, am haitege Sënn, kënnt aus dem Schweedeschen, wou et zanter 1809 e parlamentaresche Mediateur gëtt. Vum Jean-Claude Juncker ass de Begrëff "Knoutermann", resp. "Knouterfra" an enger Regierungserklärung als lëtzebuergesch Iwwersetzung proposéiert ginn; e gëtt awer bis ewell kaum gebraucht.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne