Omloop Het Nieuwsblad

Omloop Het Nieuwsblad (Omloop Het Volk)
Regioun:Flandern
Datum:Enn Februar
Typ:Semi-Klassiker
Geschicht
Fir d'éischt gefuer ginn:1945
Zuel vun de Courssen:78
Éischte Gewënner:Jean Bogaerts Belsch
Leschte Gewënner:Dylan van Baarle Holland
Beschte Palmarès:Ernest Sterckx, Joseph Bruyère a Peter Van Petegem: 3-mol

Den Omloop Het Nieuwsblad ass eng Vëlocourse vun engem Dag an de Flandern. Si ass haaptsächlech bekannt well et déi éischt grouss Course am Ufank vun der Vëlosaison ass

D'Competitioun huet hiren Numm vum Organisateur der flämescher Dageszeitung Het Nieuwsblad.

D'Course gëtt zanter 1945 organiséiert an ass bis elo dräimol wéinst ze schlechtem Wieder ausgefall.

Zanter 2005 gehéiert dës Course zum UCI Europe Tour an ass zanterhier an der Klass 1.HC agestuuft.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne