De Weltraumobservatoire Onsala (schweedesch Onsala rymdobservatorium) ass déi staatlech schweedesch Ariichtung fir Radioastronomie, 45 km südlech vu Göteborg zu Onsala. Den Observatoire ass Deel vum Institut fir Weltraum- a Geowëssenschafte vun der Technescher Héichschoul Chalmers.
Den Observatoire bedreift zwéi Radioteleskope, eent mat 20 Meter Reflekterduerchmiesser (gebaut vun 1975 bis 1976), et schafft am Zentimeter- a Millimeterberäich bis zu minimal dräi Millimeter Wellelängt an eent mat 25 Meter Reflekterduerchmiesser (gebaut 1963). Dëst schafft am Zentimeterberäich a gëtt och fir Very Long Baseline Interferometry gebraucht. Den Observatoire huet fréier e Millimeterteleskop (SEST) um La-Silla-Observatoire bedriwwen an ass um Atacama Pathfinder Experiment (APEX) bedeelegt.