En Orbiter ass eng Raumsond, déi en aneren Himmelskierper, wéi zum Beispill e Planéit, e Mound oder och d'Sonn ëmkreest. De Begrëff kënnt aus dem Engleschen an ass vun Orbit (fir Ëmlafbunn) ofgeleet. Kënschtlech Satellitten an enger Ëmlafbunn ëm d'Äerd ginn net als Orbiter bezeechent; dorënner falen och d'Raumsonde fir Sonnefuerschung, déi sech ëm ee vun de Lagrange-Punkte vu Sonn an Äerd beweegen. Beim US-amerikanesche Space Shuttle ginn zwar déi eenzel Raumfären dacks Orbiter genannt.
Eng Raumsond als kënschtleche Satellit huet speziell Funktiounen – beispillsweis als Funkrelais fir eng Landesond – an erméiglecht ee groussraimegen Iwwerbléck iwwer den Zilkierper, eventuell déi detailléiert Miessung vum Gravitatiounsfeld an eng detailléiert Kartéierung.