Orionniwwel

Orionniwwel
Lëtzebuerger Numm Orionniwwel
Engleschen Numm Orion Nebula
Katalogbezeechnungen NGC 1976 + 1982
M 42+43
Rektaszensioun 5h 35m 24s
Deklinatioun −05° 27'
Equinoxe J2000.0
Visuell Magnitude +4,0m
Distanz ~1500 Liichtjoer
Wénkelduerchmiesser 85 × 60 Bouminutten
Absolutten Duerchmiesser ~25 Liichtjoere
Stärebild Orion

Den Orionniwwel ass een Emissiounsniwwel am Stärebild Orion a besteet aus den Eenzelobjeten M 42 (am Süden) an M 43 (am Norden) (och als NGC 1976 souwéi 1982 bekannt). Duerch seng visuell Magnitude vu 4,0m a senger zimmlech grousser Ausdeenung um Stärenhimmel ass hie mat bloussem A als Deel vum Schwäert vum Orion ze gesinn. Den Orionniwwel ass eng aktiv Stäregebuertsplaz an der galaktescher Noperschaft vun eiser Sonn. D'Distanz vun eisem Sonnesystem ass zirka 460 Parsec (1500 Liichtjoer), den Duerchmiesser zirka 7,5 Parsec (25 Liichtjoer).


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne