Otto Preminger | |
---|---|
![]() Portrait vun 1976 | |
Gebuertsnumm | Otto Ludwig Preminger |
Gebuer | 5. Dezember 1905 |
Gestuerwen |
23. Abrëll 1986 New York |
Doudesursaach | Alzheimer |
Nationalitéit | Éisträich, USA |
Educatioun | Universitéit Wien |
Aktivitéit | Filmregisseur, Schauspiller, Filmproduzent, Charakterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Regisseur |
![]() |
Den Otto Preminger, gebuer als Otto Ludwig Preminger de 5. Dezember 1905 zu Wiznitz deemools Éisträich-Ungarn a gestuerwen den 23. Abrëll 1986 zu New York City, war en éisträichesch-US-amerikanesche Filmregisseur, Filmproduzent a Schauspiller.
Den Otto Preminger huet an den 1930er Joren d'Nazidäitschland verlooss an ass an d'USA an den Exil gaangen
Am Genre Film noir huet de Preminger zwéi ganz bedeitend Filmer gedréint: Laura (1944) mam Gene Tierney an Angel Face (1952) mam Robert Mitchum a Jean Simmons. Mat River of No Return (1954) huet hie säin eenzege Western gedréint, deen awer duerch seng Landschaften a CinemaScope an duerch d'Spill vun den zwéin Haaptacteure Robert Mitchum a Marilyn Monroe opfält.
De Preminger huet am Film: Saint Joan (1957) der Jean Seberg eng éischt Roll am Film ginn. Z'ernimme wieren och nach d'Filmer Carmen Jones (1954) eng modern Adaptatioun vum Georges Bizet senger Oper Carmen mat schwaarze Schauspiller an d'Verfilmung vum George Gershwin senger Oper Porgy and Bess (1959) mat dem Sidney Poitier an der Dorothy Dandridge.