Parallax

An der Waasserspigelung schéngt d'Sonn méi no bei der Lanter ze stoe wéi bei direkter Siicht op dës.

Als Parallax (gr. παραλλαγή parallagé „Verännerung“, „Ofwäichung“) bezeechent een d'visuell Ännerung vun der Position vun engem Objet, wann den Observateur seng eege Positioun ännert.

Méi streng definéiert ass d'Parallax de Wénkel tëscht zwou riichte Linnen, déi vu verschiddene Standplazen („Basislinn“) op ee Punkt (en Objet) geriicht sinn. Et ass och de Wénkel ënner deem déi Basislinn vum Observatiounspunkt aus virkënnt.

Hält een z. B. d'Hand viru sech a kuckt een ofwiesselnd mat dem lénksen an dem rietsen A, sou verréckelt sech d'Bild virun dem wäiten Hannergrond. D'Basis ass hei den Aenofstand. D'Parallax ass ëmsou méi grouss, wann den observéierten Objet méi no ass a wann d'Basislinn méi laang ass.

Opgrond vun der Parallax loosse sech Distanzen ofschätzen (Grondlag vum raimleche Kucken) oder mat techneschen Hëllefsmëttele berechnen. Hëllefsmëttele gi virun allem an der Astronomie an an der Fotografie gebraucht. Bei Miessungen u Skale kann een d'Parallax benotzen, fir méi genee Ofliesungen ze kréien.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne