Paul Anthony Samuelson

Paul Anthony Samuelson
Gebuer 15. Mee 1915
Gary
Gestuerwen 13. Dezember 2009
Nationalitéit USA
Educatioun University of Chicago,
Harvard Universitéit,
Harvard Universitéit
Aktivitéit Ekonomist, Professer, Schrëftsteller
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, Phi Beta Kappa, American Philosophical Society, Royal Society

De Paul-Anthony Samuelson, gebuer de 15. Mee 1915 zu Gary am Indiana, a gestuerwen den 13. Dezember 2009 zu Belmont am Massachusetts, war en US-amerikaneschen Ekonomist a Laureat (1970) vum sougenannten “Nobelpräis fir d'Ekonomie”. Hie krut 1935 den Titel Bachelor of Arts vun der Universitéit Chicago, duerno 1936 de Master of Arts. Hien ass och Dokter an der Philosophie vun Harvard (1941).

Hien huet laang Ekonomie um Massachusetts Institute of Technology dozéiert an ass vu ville Länner an der Welt als Beroder erugezu ginn.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne