Paul Newman | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Paul Leonard Newman |
Gebuer | 26. Januar 1925 |
Gestuerwen |
26. September 2008 Westport |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Kenyon College, Yale School of Drama, Ohio University |
Aktivitéit | Filmproduzent, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Autospilot, Schauspiller, Entreprener, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Regisseur, Philanthrop, Schrëftsteller, Militär, Offizéier |
![]() |
De Paul Leonard Newman, gebuer de 26. Januar 1925 zu Shaker Heights (Ohio),a gestuerwen de 26. September 2008 zu Westport (Connecticut), war een US-amerikanesche Schauspiller.
Hie war ee vun deene bekanntsten amerikanesche Schauspiller aus den 1960er Joren, mat Haaptrollen a populäre Filmer wéi The Hustler, Hud, Cool Hand Luke a Butch Cassidy and the Sundance Kid. Hien huet och e puer Filmer produzéiert a bei e puer Regie gefouert. 10-mol war e fir en Oscar nominéiert; eng Kéier, 1987, huet en dee fir déi bescht Haaptroll fir seng Roll an The Color of Money kritt.
De Paul Newman war och bekannt fir säi philantropescht Engagement, notamment fir Kanner a Jugendlecher.