Als Penetrator gëtt eng Raumsond genannt, déi sech bei enger ongebremster Landung bis zu e puer Meter an de Buedem vun engem Himmelskierper buert fir hien z'ënnersichen. Hie hannerléisst op der Uewerfläch e Kommunikatiounsmodul. Der Begrëff ass vum laténgesche Wuertstamm penetrare (= andréngen, duerchdréngen) ofgeleet.
Mat dëser Technik solle méi präisgënschteg Lander d'Buedembeschaafenheet vu Planéiten, Asteroiden a Koméiten ënnersichen. Technesch fuederen dës Instrumenter eng robust Bauweis, well beim Andréngen an de Buedem Vitesse vum méidausendfache vun der Äerdvitess optrieden (z. B. bei Deep Space 2: 30.000 g fir den andréngenden Deel vum Penetrator an 60.000 g fir déi op der Uewerfläch zeréckbleiwend Kommunikatiounseenheet). Bis elo ass nach kee Penetrator bei enger Weltraummissioun erfollegräich agesat ginn. Erfollegräich Tester goufen awer schonn op eiser Äerd duerchgefouert.