D'Personalunioun vum Keeser Karel V. (16. Jh.) ██ Kastilien ██ Aragon ██ Burgundesche Besëtz ██ Éisträichescht Ierfland ██ Hellegt Réimescht Räich
Personalunioun nennt een, wann eng an déi selwecht Persoun verschidde Funktiounen, déi vunenee getrennt sinn, ausüübt.
Bei feudalen Herrscher oder haudesdaags Staatscheffe schwätzt ee vu Personalunioun, wa se a méi wéi engem Land un der Spëtzt stinn.
Beispiller vu Personalunioun sinn:
- Éisträich-Ungarn tëscht 1867 an 1918; de Keeser vun Éisträich war a Personalunioun och Kinnek vun Ungarn.
- Personalunioun tëscht de Kinnekräicher Ungarn a Kroatie vun 1102 bis 1918.
- Personalunioun tëscht England a Schottland vu 1603 bis 1707 (1707 goufe se zum Kinnekräich Groussbritannien zesummegeluecht).
- Personalunioun tëscht Spuenien a Portugal (1580–1640).
- Personalunioun tëscht Holland a Lëtzebuerg (1815–1890).
- Unioun tëscht Dänemark an Norwegen (1521–1814).
- Unioun tëscht Norwegen a Schweden (1814–1905).
- Personalunioun tëscht Island an Dänemark (1919–1944).
- De Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland ass gläichzäiteg de Chef vum Commonwealth an domat Kinnek vun de Commonwealth Realms: Antigua a Barbuda, Australien, Bahamas, Barbados (bis Enn November 2020), Belize, Grenada, Jamaika, Kanada, Neiséiland, Papua-Neiguinea, Salomonen, St. Kitts an Nevis, Saint Lucia, Saint Vincent an d'Grenadinnen, Tuvalu.