Pierre Chenal | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Philippe James Cohen |
Gebuer |
5. Dezember 1904 Bréissel |
Gestuerwen |
23. Dezember 1990 La Garenne-Colombes |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Regisseur |
![]() |
De Pierre Chenal, gebuer als Pierre Cohen de 5. Dezember 1904 zu Bréissel, a gestuerwen den 23. Dezember 1990 zu La Garenne-Colombes (Hauts-de-Seine), war e franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Als Judd ass hien 1942 aus Frankräich an Argentinie geflücht. Do huet hien och e puer Filmer gedréint. Nom Krich ass hien a Frankräich zeréckkomm, et ass him awer net méi gelongen déi Plaz am franséische Film anzehuelen déi hire virum Krich hat.